Votre event sur l'agenda

Avec des centaines d'events chaque semaine, on partage tout en famille chez Kideaz. Faites-nous part de vos évènements.

Proposez votre structure

Vous souhaitez partager et faire découvrir une de vos adresses favorites ? N'hésitez plus.

Pour les Professionnels

Proposez votre crèche / foyer de jour sur Kideaz.

Accueil > Agenda > Kapoutty – originell Neiinterpretatioune vum Poutty Stein senge Lidder
01
oct.
Famille

Kapoutty – originell Neiinterpretatioune vum Poutty Stein senge Lidder

kideaz copyright event bibliotheque nationale du luxembourg  kapoutty originell neiinterpretatioune vum poutty stein senge lidder ©Photo : © Laurent Sturm
De 19h00 à 21h00
Bibliothèque Nationale du Luxembourg
Bibliothèque Nationale du Luxembourg - 37D, Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg

Cette description n’existe pas en français.

De Poutty Stein (1888-1955) ass als Papp vum kabarettistesche Chanson zu Lëtzebuerg wuel bekannt. Den Duo Tonnar-Urwald presentéiere fir dem Poutty Stein säi 70. Doudesjoer eng Auswiel vu Lidder op eng nei Manéier, op verschiddenen Instrumenter ewéi Gittaren, Fender Rhodes, Hammond-Uergel, Piano, E-Bass a Perkussioun.

De Serge Tonnar ass fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret. Seng Haaptaktivitéit ass d’Kompositioun vun eegene Lidder, derniewent schafft e geleeëntlech am Theater als Museker, Schauspiller, Regisseur an Auteur. 2015 huet en d’Associatioun »Mir wëllen iech ons Heemecht weisen« gegrënnt, déi sech fir den interkulturellen Dialog asetzt, absënns tëscht Flüchtlingen a Leit vun hei.

De Georges Urwald ass Pianist a Sänger, Arrangeur fir Genre iwwergräifend Museksprojeten, Komponist, Professer am Iechternacher Kolléisch, Editeur vu Lidderhefter, Redakter vun der BnL hirer didaktescher Heftserie iwwert d’Lëtzebuerger Musek De Litty, artistesche Leeder vum Stued Theater zu Gréiwemaacher a Mataarbechter am Cedom vun der BnL.

Den Duo Tonnar-Urwald interpretéiert säit 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Sou erlieft een déi Lidder, déi een dacks nach méi oder manner am Ouer huet, op eng opgefrëschte Manéier, wou den Text an d’Geschichten nees am Mëttelpunkt stinn.

octobre, 2025

1oct19 h 00 min- 21 h 00 minKapoutty – originell Neiinterpretatioune vum Poutty Stein senge Lidder19 h 00 min - 21 h 00 min Bibliothèque Nationale du Luxembourg, 37D, Avenue John F. Kennedy, L-1855 LuxembourgTypologie:En famille

Plus

Détails de l'évènement

De Poutty Stein (1888-1955) ass als Papp vum kabarettistesche Chanson zu Lëtzebuerg wuel bekannt. Den Duo Tonnar-Urwald presentéiere fir dem Poutty Stein säi 70. Doudesjoer eng Auswiel vu Lidder op eng nei Manéier, op verschiddenen Instrumenter ewéi Gittaren, Fender Rhodes, Hammond-Uergel, Piano, E-Bass a Perkussioun.

De Serge Tonnar ass fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret. Seng Haaptaktivitéit ass d’Kompositioun vun eegene Lidder, derniewent schafft e geleeëntlech am Theater als Museker, Schauspiller, Regisseur an Auteur. 2015 huet en d’Associatioun »Mir wëllen iech ons Heemecht weisen« gegrënnt, déi sech fir den interkulturellen Dialog asetzt, absënns tëscht Flüchtlingen a Leit vun hei.

De Georges Urwald ass Pianist a Sänger, Arrangeur fir Genre iwwergräifend Museksprojeten, Komponist, Professer am Iechternacher Kolléisch, Editeur vu Lidderhefter, Redakter vun der BnL hirer didaktescher Heftserie iwwert d’Lëtzebuerger Musek De Litty, artistesche Leeder vum Stued Theater zu Gréiwemaacher a Mataarbechter am Cedom vun der BnL.

Den Duo Tonnar-Urwald interpretéiert säit 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Sou erlieft een déi Lidder, déi een dacks nach méi oder manner am Ouer huet, op eng opgefrëschte Manéier, wou den Text an d’Geschichten nees am Mëttelpunkt stinn.

HORAIRES

(Mercredi) 19 h 00 min - 21 h 00 min

Localisation

Bibliothèque Nationale du Luxembourg

37D, Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg

@ Kideaz

In this new 2024 edition of the family guide, specially re-edited in English, we offer you over 400 addresses to discover with your family.

We’ve divided our selection by region, so you can organize your outings to discover different places in the same geographical area.

X