Votre event sur l'agenda

Avec des centaines d'events chaque semaine, on partage tout en famille chez Kideaz. Faites-nous part de vos évènements.

Proposez votre structure

Vous souhaitez partager et faire découvrir une de vos adresses favorites ? N'hésitez plus.

Pour les Professionnels

Proposez votre crèche / foyer de jour sur Kideaz.

Accueil > Agenda > Musekerinnen a Komponistinnen an der NS-Landesmusikschule Luxemburg
11
mars
Famille

Musekerinnen a Komponistinnen an der NS-Landesmusikschule Luxemburg

kideaz copyright event letzebuerg city museum  musekerinnen a komponistinnen an der ns landesmusikschule luxemburg ©Photo : © Lëtzebuerg City Museum
A 19h00
Lëtzebuerg City Museum - 14 Rue du St Esprit, L-2090 Luxembourg

Den 10. Mee 1940 gouf Lëtzebuerg vun der däitscher Wehrmacht besat. Kuerz drop ass alles an Ugrëff geholl ginn fir d’Land kulturell „heim ins Reich“ ze féieren. De Conservatoire ass zur Landesmusikschule Luxemburg ëmfunktionéiert ginn: D’Musek sollt däitsch sinn an d’Fraen am Prinzip doheem bleiwen. Mee am Conservatoire waren d’Fraen awer staark am Léierpersonal vertrueden.

Wat fir een Impakt hat d’NS-Besatzung op hiert Liewen a musikalescht Schaffen? Hu si sech arrangéiert kritt, fir hir Plaz ze halen? Hunn si misse flüchten? Hu se an hire Kompositiounen Resistenz ausgedréckt? Goufen hir Stécker nach opgefouert?

Am Kader vum Projet Klangbilder der Stadt Luxemburg gëtt d’Geschicht vun de Musekerinnen zu Lëtzebuerg erfuerscht an erëm zum Klénge bruecht. Sou spillen an dësem Concert-Conférence Schüler:innen a Proff:innen aus dem Stater Conservatoire Stécker vu Lëtzebuerger Komponistinnen aus der Krichszäit.

Conférencière: Danielle Roster, Uni Lëtzebuerg
Et wierke mat: Sandrine Cantoreggi (Gei), Marc Dostert (Gesang), Tom Feltgen (Cello), Béatrice Rauchs (Piano) an hir Schüler:innen.
Musek vum: Helen Buchholtz, Béby Kohl-Thommes, Lou Koster a Frida Salomon-Ehrlich.
Organiséiert vun: Musek an Gender zu Lëtzebuerg am Kader vum Projet Klangbilder der Stadt Luxemburg. An Zesummenaarbecht mat de kulturelle Servicer vun der Stad Lëtzebuerg, dem Conservatoire, dem Lëtzebuerg City Museum an der Photothèque.

Masterclass vun der däitscher Pianistin Elly Ney zu Lëtzebuerg, 1942, Foto: Herbert Ahrens © Photothèque de la Ville de Luxembourg

mars, 2026

11mars19 h 00 minMusekerinnen a Komponistinnen an der NS-Landesmusikschule Luxemburg19 h 00 min Lëtzebuerg City Museum, 14 Rue du St Esprit, L-2090 LuxembourgTypologie:En famille

Plus

Détails de l'évènement

Den 10. Mee 1940 gouf Lëtzebuerg vun der däitscher Wehrmacht besat. Kuerz drop ass alles an Ugrëff geholl ginn fir d’Land kulturell „heim ins Reich“ ze féieren. De Conservatoire ass zur Landesmusikschule Luxemburg ëmfunktionéiert ginn: D’Musek sollt däitsch sinn an d’Fraen am Prinzip doheem bleiwen. Mee am Conservatoire waren d’Fraen awer staark am Léierpersonal vertrueden.

Wat fir een Impakt hat d’NS-Besatzung op hiert Liewen a musikalescht Schaffen? Hu si sech arrangéiert kritt, fir hir Plaz ze halen? Hunn si misse flüchten? Hu se an hire Kompositiounen Resistenz ausgedréckt? Goufen hir Stécker nach opgefouert?

Am Kader vum Projet Klangbilder der Stadt Luxemburg gëtt d’Geschicht vun de Musekerinnen zu Lëtzebuerg erfuerscht an erëm zum Klénge bruecht. Sou spillen an dësem Concert-Conférence Schüler:innen a Proff:innen aus dem Stater Conservatoire Stécker vu Lëtzebuerger Komponistinnen aus der Krichszäit.

Conférencière: Danielle Roster, Uni Lëtzebuerg
Et wierke mat: Sandrine Cantoreggi (Gei), Marc Dostert (Gesang), Tom Feltgen (Cello), Béatrice Rauchs (Piano) an hir Schüler:innen.
Musek vum: Helen Buchholtz, Béby Kohl-Thommes, Lou Koster a Frida Salomon-Ehrlich.
Organiséiert vun: Musek an Gender zu Lëtzebuerg am Kader vum Projet Klangbilder der Stadt Luxemburg. An Zesummenaarbecht mat de kulturelle Servicer vun der Stad Lëtzebuerg, dem Conservatoire, dem Lëtzebuerg City Museum an der Photothèque.

Masterclass vun der däitscher Pianistin Elly Ney zu Lëtzebuerg, 1942, Foto: Herbert Ahrens © Photothèque de la Ville de Luxembourg

HORAIRES

(Mercredi) 19 h 00 min

Localisation

Lëtzebuerg City Museum

14 Rue du St Esprit, L-2090 Luxembourg

@ Kideaz

In this new 2024 edition of the family guide, specially re-edited in English, we offer you over 400 addresses to discover with your family.

We’ve divided our selection by region, so you can organize your outings to discover different places in the same geographical area.

X