Votre event sur l'agenda

Avec des centaines d'events chaque semaine, on partage tout en famille chez Kideaz. Faites-nous part de vos évènements.

Proposez votre structure

Vous souhaitez partager et faire découvrir une de vos adresses favorites ? N'hésitez plus.

Pour les Professionnels

Proposez votre crèche / foyer de jour sur Kideaz.

Accueil > Agenda > Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet
10
déc.
Famille

Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet

kideaz copyright event kinneksbond centre culturel mamer  kleng ligen iwwer onofhngegkeet ©Photo : © Bohumil Kostohryz
De 20h00 à 21h15
Kinneksbond, Centre Culturel Mamer
Kinneksbond, Centre Culturel Mamer - 42 rte d'Arlon 8210 Mamer, Luxembourg

Cette description n’existe pas en français.

Eng Revue vu fréier bis haut.

All Mënsch huet scho mol vum Grof Siegfried héieren, dee mam Däiwel e Pakt agaang ass, fir eng Buerg ze bauen, an där hie jonk Damme beim Buede belästege konnt. Oder vum Jang vu Béimen, deen d’Schueberfouer gegrënnt huet, a sech esou fir Minoritéiten agesat huet, datt och Blanner an d’Arméi duerfte goen. Oder vum Klëppelkrich, an deem jonk Lëtzebuerger dofir gekämpft hunn, hir Aachtchen net mussen op Franséisch ze bestellen…

Mee wat wësst Dir eigentlech wierklech iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg? Wat huet sech tatsächlech am Joer 963 ofgespillt? Wéini huet d’Land den Habsburger gehéiert, de Fransousen, de Spuenier, den Éisträicher, a wat war déi genee Reiefolleg? Wat gouf scho méi beim Wiener Kongress decidéiert? A wéini krut Lëtzebuerg eigentlech genee seng Onofhängegkeet?

Fir Iech vun där penibeler Aarbecht ze erléisen, dat alles op Wikipedia nozeliesen, invitéiert Iech den Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vu sengem drëssegjäregen Anniversaire op e kabarettisteschen Owend fir Aarm a Räich, Jonk an Al, Normalstierflecher an esouguer déi, déi et deemools an der Schoul gepackt hunn, an der Geschicht waakreg ze bleiwen. Dat heescht, och wann Dir mengt, Dir kennt Iech aus, kommt trotzdeem laanscht! A wie weess, vläicht léiert Dir jo effektiv eppes bäi, well hei gi se all opgedeckt, déi Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet.

décembre, 2025

Cet événement se répète

11déc20 h 00 min- 21 h 15 minKleng Ligen iwwer Onofhängegkeet20 h 00 min - 21 h 15 min Kinneksbond, Centre Culturel Mamer, 42 rte d'Arlon 8210 Mamer, LuxembourgTypologie:En famille

Plus

Détails de l'évènement

Eng Revue vu fréier bis haut.

All Mënsch huet scho mol vum Grof Siegfried héieren, dee mam Däiwel e Pakt agaang ass, fir eng Buerg ze bauen, an där hie jonk Damme beim Buede belästege konnt. Oder vum Jang vu Béimen, deen d’Schueberfouer gegrënnt huet, a sech esou fir Minoritéiten agesat huet, datt och Blanner an d’Arméi duerfte goen. Oder vum Klëppelkrich, an deem jonk Lëtzebuerger dofir gekämpft hunn, hir Aachtchen net mussen op Franséisch ze bestellen…

Mee wat wësst Dir eigentlech wierklech iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg? Wat huet sech tatsächlech am Joer 963 ofgespillt? Wéini huet d’Land den Habsburger gehéiert, de Fransousen, de Spuenier, den Éisträicher, a wat war déi genee Reiefolleg? Wat gouf scho méi beim Wiener Kongress decidéiert? A wéini krut Lëtzebuerg eigentlech genee seng Onofhängegkeet?

Fir Iech vun där penibeler Aarbecht ze erléisen, dat alles op Wikipedia nozeliesen, invitéiert Iech den Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vu sengem drëssegjäregen Anniversaire op e kabarettisteschen Owend fir Aarm a Räich, Jonk an Al, Normalstierflecher an esouguer déi, déi et deemools an der Schoul gepackt hunn, an der Geschicht waakreg ze bleiwen. Dat heescht, och wann Dir mengt, Dir kennt Iech aus, kommt trotzdeem laanscht! A wie weess, vläicht léiert Dir jo effektiv eppes bäi, well hei gi se all opgedeckt, déi Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet.

HORAIRES

(Jeudi) 20 h 00 min - 21 h 15 min

Localisation

Kinneksbond, Centre Culturel Mamer

42 rte d'Arlon 8210 Mamer, Luxembourg

@ Kideaz

In this new 2024 edition of the family guide, specially re-edited in English, we offer you over 400 addresses to discover with your family.

We’ve divided our selection by region, so you can organize your outings to discover different places in the same geographical area.

X