
Cette description n’existe pas en français.
Ouni ee ganz besonnescht Déier kéint de Kleeschen de 6. Dezember seng Kaddoen net un d’Kanner verdeelen. Dëst besonnescht Déier ass den Ieselchen.
Kommt fir eng néi interaktiv Liesung op Steesel a léiert sou munches iwwert d’Iesele kënnen. Natierlech bréngt de Paco och seng Ieselkolleeg mat.
RDV ass an der Scheier beim Paco am Haff. Dot Iech waarm un! Zum Schluss kritt Dir eng Taass Schocki.
OPGEPASST: Et ginn zwou Liesungen, eng um 14.00 an eng um 15.15. Sot bei der Umeldung Bescheed, fir wéi eng Liesung dir Iech aschreiwe wëllt.
– – –
Entrée: Gratis, um eine kleine Spende wird gebeten
Adress: Beim Paco am Haff | 2, Im Rothfeldchen | 7312 Mullendorf Steinsel
Informatioun/Umeldung: [email protected]
Trainer*in: Leslie Fischbach, Martine Cannivé
Zillgrupp: Kanner ab 3 Joer
novembre, 2025