
Cette description n’existe pas en français.
Eng Erzielstonn mam Betsy Dentzer mat Geschichte vun hei a vun do.
An nach eng gutt op d’Ouer… well déi d’lescht Joer esou schéi war. D’Betsy Dentzer kënnt eng zweete Kéier an d’Bibliothéik mat neie Geschichte fir Häerz a Séil, fir d’Laachmuskelen an de Kappkino. Rees du och dës Kéier mat?
Samschdes, de 5.Juli 2025 sinn all Kanner vu 5 Joer un häerzlech an der Ettelbrécker Bibliothéik wëllkomm. Loosst iech iwwerraschen, um 15.00 Auer geet et lass.
Den Entrée ass fräi, keng Reservatioun.