
De Poutty Stein, gliddeg aus der Pan
Den Duo mam SergeTonnar a Georges Urwald interpretéiert zanter 2019 Lëtzebuerger Klassiker op eng radikal nei Aart a Weis. Sou erlieft een déi Lidder, déi een dacks nach méi oder manner am Ouer huet, op eng opgefrëschte Manéier, wou den Text an d’Geschichtennees am Mëttelpunkt stinn, mam Serge senger bal erzielerescher Interpretatioun an dem Georges senge Pianoskläng, déi wéi d’Fauscht op d’A passen.
No Lidder aus dem 19. Joerhonnert, mam Programm “Aus der Heemecht”, hunn si elo hiren neien Album “KAPOUTTY” am Gepäck. Lidder vum Poutty Stein, dem Papp vun der Lëtzebuergescher Chanson, wéi een se nach ni héieren huet. Nieft Klassiker wéi “Déi Schnëss” oder “De schéine Poli”, kritt een och manner Bekanntes (dofir net manner opreegend) ze héieren.
Genëschelt an de Programm agemëscht hunn sech och e puer Klassiker an onbekannten Texter vum grousse Virgänger, dem Dicks, déi aus dem Owend en eemolege Rezital vu lëtzebuergeschem Liddergutt maachen.