©Photo : Manukultura
Cette description n’existe pas en français.
Am Joer 2019 war et esou wäit: de Roger Melcher (Gesang a Mondharmonika) an de
Roland Meyer (Gittar) vun de „Winklepickers” hu sech mam Jacques Bock (Batterie)
a Jacques Ruppert (Bass) vun de „Crossroads” zesummegedoen an de Mulles
Scholtes (Gittar) vun de „Convertibles” nach dobäi geholl. A fäerdeg war déi nei
Lëtzebuerger „Supergroup”: „The Horse Blinders”.
Kräftegen, intelligenten a lëschtegen Rock-Blues-Pop mat lëtzebuergesch Texter, dat ass de Programm. De Roland Meyer, mam Prix Servais ausgezeechent a bekannt
als Kabarettist an Auteur suergt fir déi pointéiert Texter a sprëtzeg Eegekompositiounen.
2023 ass deen éischten CD „… an nach ee schéinen Dag” mat Hits wéi „Hierken
oder Mettwurscht”, „D’Buurschter Plage”, „Komm sich däi Krëppeng” an „De Kinnek
vum Facebook” erauskomm.
De Ron Mullenders huet kuerz drop de Jacques Ruppert um Bass ersat a fäerdeg
war déi nei Equipe. 2025 koum „Raufaser” op de Maart, 10 fuschnei Lidder fir 10 Lëtzebuerger Stied.
Vun elo un hunn Déifferdeng, Diddeleng, Esch, Ettelbréck, Gréiwemaacher, Iechter-
nach, Lëtzebuerg-Stad, Miersch, Réiden a Veianen hier eegen Hymne an um groussen
Tour de Luxembourg stellen d’”Horse Blinders” dës Hits vir.
Op der Tournée gëtt d’Equipe vun den „Horse Blinders” ëmmer nees duerch
d’Noémie Leer, d’Candy Windeshausen an och den Daniel Eischen ënnerstëtzt.
„Mir lauschteren d’Horse Blinders well et e Stéck Lëtzebuerger Kultur ass!”
Umeldung noutwendeg!