Votre event sur l'agenda

Avec des centaines d'events chaque semaine, on partage tout en famille chez Kideaz. Faites-nous part de vos évènements.

Proposez votre structure

Vous souhaitez partager et faire découvrir une de vos adresses favorites ? N'hésitez plus.

Pour les Professionnels

Proposez votre crèche / foyer de jour sur Kideaz.

Accueil > Agenda > De Schoulsystem: Ee System, deen trennt, ee System, deen eent?
25
mars
Famille

De Schoulsystem: Ee System, deen trennt, ee System, deen eent?

kideaz copyright event ewb erwuessebildung  de schoulsystem ee system deen trennt ee system deen eent ©Photo : EwB – ErwuesseBildung
De 18h00 à 19h30
EwB – ErwuesseBildung
EwB – ErwuesseBildung - 5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg

Cette description n’existe pas en français.

Mam Vera Dockendorf (Enseignante fir Däitsch a Vertriederin vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL) a mam Antoine Fischbach (Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire)

Moderatioun: Nora Schleich (EwB)

 

De Bildungssystem zu Lëtzebuerg zeechent sech duerch verschidde Schoumodeller aus a Léierweeër aus. Dëst soll Flexibilitéit an individuell Fërderung bidden, mee et werft och eng fundamental Fro op: Féieren déi vill ënnerscheedlech Weeër – vun der fréizäiteger Orientéierung bis hin zu de verschiddenen Sprooch- an Schoulmodeller – zu enger fairer Chancegläichheet?

An dëser Gespréichronn beschäftege mer eis mat der Struktur vum Schoulsystem. Kann d’Komplexitéit vun de Schoulmodeller sozial Écarte schléissen – oder zementéiert se éischter duerch déi vill verschidden Ufuerderungen an déi fréi Selectioun de soziale Status vun de Schüler*inne?

Trennt den aktuelle System duerch seng Vielfalt, oder schaaft en duerch déi Breet Offer ee gemeinsame gesellschaftlechen Nenner?

D’EwB invitéiert Iech alleguer, fir dës zentral Fro ze diskutéieren. D’Vera Dockendorf bréngt als Enseignante a Gewerkschaftsvertriederin d’Perspektiv vun der alldeeglecher Praxis mat. Den Antoine Fischbach liwwert als Expert vum Observatoire National déi wëssenschaftlech Siicht op de systemeschen Effekt vun de verschiddene Bildungsweeër.

🛎️ Dëst Event kann als IFEN-Formatioun unerkannt ginn. Méi Informatiounen…

Den Entrée as gratis.

Em eng Umeldung gëtt gebieden ([email protected]).

Méi Informatiounen fannt Dir hei.

A Kooperation mat: forum, UP_FOUNDATION & dem Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Weider Events am Kader vum Bildungsmonat März 2026

mars, 2026

25mars18 h 00 min- 19 h 30 minDe Schoulsystem: Ee System, deen trennt, ee System, deen eent?18 h 00 min - 19 h 30 min EwB – ErwuesseBildung, 5, avenue Marie-Thérèse L-2132 LuxembourgTypologie:En famille

Plus

Détails de l'évènement

Mam Vera Dockendorf (Enseignante fir Däitsch a Vertriederin vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL) a mam Antoine Fischbach (Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire)

Moderatioun: Nora Schleich (EwB)

 

De Bildungssystem zu Lëtzebuerg zeechent sech duerch verschidde Schoumodeller aus a Léierweeër aus. Dëst soll Flexibilitéit an individuell Fërderung bidden, mee et werft och eng fundamental Fro op: Féieren déi vill ënnerscheedlech Weeër – vun der fréizäiteger Orientéierung bis hin zu de verschiddenen Sprooch- an Schoulmodeller – zu enger fairer Chancegläichheet?

An dëser Gespréichronn beschäftege mer eis mat der Struktur vum Schoulsystem. Kann d’Komplexitéit vun de Schoulmodeller sozial Écarte schléissen – oder zementéiert se éischter duerch déi vill verschidden Ufuerderungen an déi fréi Selectioun de soziale Status vun de Schüler*inne?

Trennt den aktuelle System duerch seng Vielfalt, oder schaaft en duerch déi Breet Offer ee gemeinsame gesellschaftlechen Nenner?

D’EwB invitéiert Iech alleguer, fir dës zentral Fro ze diskutéieren. D’Vera Dockendorf bréngt als Enseignante a Gewerkschaftsvertriederin d’Perspektiv vun der alldeeglecher Praxis mat. Den Antoine Fischbach liwwert als Expert vum Observatoire National déi wëssenschaftlech Siicht op de systemeschen Effekt vun de verschiddene Bildungsweeër.

🛎️ Dëst Event kann als IFEN-Formatioun unerkannt ginn. Méi Informatiounen…

Den Entrée as gratis.

Em eng Umeldung gëtt gebieden ([email protected]).

Méi Informatiounen fannt Dir hei.

A Kooperation mat: forum, UP_FOUNDATION & dem Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Weider Events am Kader vum Bildungsmonat März 2026

HORAIRES

(Mercredi) 18 h 00 min - 19 h 30 min

Localisation

EwB – ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg

@ Kideaz

In this new 2024 edition of the family guide, specially re-edited in English, we offer you over 400 addresses to discover with your family.

We’ve divided our selection by region, so you can organize your outings to discover different places in the same geographical area.

X