
Cette description n’existe pas en français.
Verbonne mat Diskussiounsronnen, d’Lauschtere vun enger Hällewull vun Opnamen a villes méi, adresséieren sech des Owender un Museksintresséierter, Hobbymuseker.innen a gären och un Leit déi nach keng Erfarung mat klassescher Musek hunn.
1. Iwwerbléck an e bësse Geschicht: Epochen a Stiler
Méindeg 03.10.22 | 19:00
mam Pit Brosius
Een Abléck an déi spannend Welt vun der klassescher Musek: déi verschidde Stiler an Epochen, mir lauschteren a vergläiche Beispiller.
2. Lauschteren a Verstoen: Emotiounen an der Musek
Méindeg 05.12.22 | 19:00
mam Véronique Bernar (Klarinettistin)
D’Musek stécht voller Erwaardungen an Iwwerraschungen, Witzer a Menacen. Et muss ee kee Museker sinn, fir wärend dem Lauschteren ze laachen oder Héngerhaut ze kréien. Mir probéieren Themen (rëm) ze erkennen; Begleedungen, Klangfaarwen an de Charakter vun der Musek eraus ze héieren.
3. Ënnerschiddlech Besetzungen an hire Klang / professionellt Musikerliewen
Méindeg 30.01.23 | 19:00
mam Choul-Won Pyun (Solo-Kontrabassist am OPL)
Wéi gëtt een ee professionelle Museker? Wéi gesäit den Alldag aus a muss een nach iwwerhaapt nach prouwen? Een Abléck an déi villsäiteg Besetzungen a Concertsforme mat deenen ee Museker muss ëmzegoe wëssen. Mir entdecken zesummen d’Ënnerscheeder vu verschiddene Formatiounen (Solo, Kammermusek, Ensembel a Kammerorchester, etc.) a fannen eraus wéi si kléngen, wat d’Erausfuerderungen, Virdeeler a méiglech Nodeeler sinn.
4. Klangfaarwen an Orchestratioun
Méindeg 06.03.23 | 19:00
mam Claude Kraus (Pianist a Komponist)
Mir huelen d’Stécker vum Concert de 15. Abrëll 2023 ënnert d’Lupp, lauschteren a vergläiche verschidden Opname vun ënnerschiddlechen Interpreten an entdecken esou ënnert anerem d’Villfältegkeet vum Piano am Orchester.
5. Zesummespill: Wat sinn d‘Rolle vun de Museker.innen an dem Dirigent?
Méindeg 03.07.23 | 19:00
mam Nazar Totovytskyi (Akademist am OPL)
D’Kommunikatioun tëschent de Museker ass ee vun de wichtegsten a faszinéierendsten Aspekter mat deenen een sech dacks ausernee muss setzen. Ob verbal oder nonverbal Kommunikatioun, ob an engem Trio, Quartett oder Orchester vun 100 Museker: d’Musek lieft vum zesummeschaffen, spieren, fillen, agéieren a reagéieren. Wéi kann dat goen a brauch een dofir eventuell een Dirigent?
Am zweeten Deel vun dësem Owend kucke mir eis de Programm vum ONJ sengem Concert am Juli méi genau un, lauschteren a vergläiche verschidden Opname vun ënnerschiddlechen Interpreten.
Dauer 90 Min. (45 Min. Presentatioun / 45 Min. Diskussioun)
Viraussetzung oppen Oueren
Sprooch Lëtzebuergesch, Däitsch
Präis fräien Entrée
Presentatioun Pit Brosius & Invitéeën
Umeldung erwënscht [email protected]
Pour ce tout nouveau numéro, nous avons consacré notre dossier principal aux différentes espèces de rhinocéros. Little Kideaz n°8 est d'ores et déjà disponible dans notre boutique en ligne, alors n'attendez plus pour le commander.