L’agenda Famille !

Avec des centaines d'events chaque semaine, on partage tout en famille chez Kideaz. Faites-nous part de vos events.

Proposez vos Bons Plans

Vous souhaitez partager et faire découvrir une de vos adresses favorites ? N'hésitez plus.

Pour les Professionnels

Proposez votre crèche / foyer de jour sur Kideaz.

Accueil > Agenda > Steve Karier – Lecture d’Harry Potter
05
déc.
Famille

Steve Karier – Lecture d’Harry Potter

kideaz copyright trifolion echternach harry potter an den alchimistesteen ©Photo : Trifolion Echternach
De 11h00 à 12h00
Trifolion Echternach - 2, Porte St. Willibrord Echternach, L-6486 Echternach, Luxembourg

Cette description n’existe pas en français.

Eng Liesung, déi Grouss a Kléng virwëtzeg mécht an erméiglecht, dem jonken Zauberer seng Geschichten elo och op Lëtzebuergesch ze entdecken.
Wie kennt net d’Geschicht vum jonken Zauberer mam ronne Brëll an der wäisser Eil, dee ganz Generatiounen aus der Kellechholzstrooss zu London mat op d’Zaubererschoul vun Hogwarts geholl huet? Rieds ass vum Harry Potter, enger vun de bekanntste Figuren aus der Kanner- a Jugendliteratur.

Den Harry Potter an den Alchimistesteen ass déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vun der Schrëftstellerin J.K. Rowling hirem Welt-Bestseller. An Zesummenaarbecht mat der Iwwersetzerin Florence Berg huet d’Kairos Edition déi zwee éischt Bänn op Lëtzebuergesch publizéiert (den zweeten ënnert dem Titel Den Harry Potter an dem Salazar säi Sall) an elo och d’Lauschterbuch vum éischte Band erausbruecht, virgelies vum Schauspiller Steve Karier.

Fir dës ganz magesch Welt erkléngen ze loossen an de Public mat op d’Rees vun den Hexen an Zauberer ze huelen, liest de Steve Karier aus dem Harry Potter an den Alchimistesteen. Eng Liesung, déi Grouss a Kléng virwëtzeg mécht an erméiglecht, dem jonken Zauberer seng Geschichten elo och op Lëtzebuergesch ze entdecken.

De Steve Karier ass e Lëtzebuerger Schauspiller a Spriecher. Hien ass a villen europäesche Länner grad esou wéi an Amerika, Asien an Afrika op der Bün an a Filmer opgetratt. Hien huet Honnerte vun Héierspiller a Lauschterbicher opgeholl. Zu Lëtzebuerg ass hien ënnert anerem wéinst senger Opnam vum Michel Rodange sengem Reenert bekannt.

Details des tarifs :

https://tickets.luxembourg-ticket.lu/31431
https://tickets.luxembourg-ticket.lu/31476

 

décembre, 2021

Cet événement se répète

5déc11 h 00 min- 12 h 00 minSteve Karier - Lecture d'Harry Potter11 h 00 min - 12 h 00 min Trifolion Echternach, 2, Porte St. Willibrord Echternach, L-6486 Echternach, LuxembourgTypologie:En famille

Plus

Détails de l'évènement

Eng Liesung, déi Grouss a Kléng virwëtzeg mécht an erméiglecht, dem jonken Zauberer seng Geschichten elo och op Lëtzebuergesch ze entdecken.
Wie kennt net d’Geschicht vum jonken Zauberer mam ronne Brëll an der wäisser Eil, dee ganz Generatiounen aus der Kellechholzstrooss zu London mat op d’Zaubererschoul vun Hogwarts geholl huet? Rieds ass vum Harry Potter, enger vun de bekanntste Figuren aus der Kanner- a Jugendliteratur.

Den Harry Potter an den Alchimistesteen ass déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vun der Schrëftstellerin J.K. Rowling hirem Welt-Bestseller. An Zesummenaarbecht mat der Iwwersetzerin Florence Berg huet d’Kairos Edition déi zwee éischt Bänn op Lëtzebuergesch publizéiert (den zweeten ënnert dem Titel Den Harry Potter an dem Salazar säi Sall) an elo och d’Lauschterbuch vum éischte Band erausbruecht, virgelies vum Schauspiller Steve Karier.

Fir dës ganz magesch Welt erkléngen ze loossen an de Public mat op d’Rees vun den Hexen an Zauberer ze huelen, liest de Steve Karier aus dem Harry Potter an den Alchimistesteen. Eng Liesung, déi Grouss a Kléng virwëtzeg mécht an erméiglecht, dem jonken Zauberer seng Geschichten elo och op Lëtzebuergesch ze entdecken.

De Steve Karier ass e Lëtzebuerger Schauspiller a Spriecher. Hien ass a villen europäesche Länner grad esou wéi an Amerika, Asien an Afrika op der Bün an a Filmer opgetratt. Hien huet Honnerte vun Héierspiller a Lauschterbicher opgeholl. Zu Lëtzebuerg ass hien ënnert anerem wéinst senger Opnam vum Michel Rodange sengem Reenert bekannt.

Details des tarifs :

https://tickets.luxembourg-ticket.lu/31431
https://tickets.luxembourg-ticket.lu/31476

 

HORAIRES

(Dimanche) 11 h 00 min - 12 h 00 min

Localisation

Trifolion Echternach

2, Porte St. Willibrord Echternach, L-6486 Echternach, Luxembourg

Attendez!!!
Vous n'avez pas encore tout vu...

Dis papa,

On fait quoi ce week-end ?

Ah ! Bonne question,

attends je regarde

la newsletter kideaz

X