Votre event sur l'agenda

Avec des centaines d'events chaque semaine, on partage tout en famille chez Kideaz. Faites-nous part de vos évènements.

Proposez votre structure

Vous souhaitez partager et faire découvrir une de vos adresses favorites ? N'hésitez plus.

Pour les Professionnels

Proposez votre crèche / foyer de jour sur Kideaz.

Accueil > Agenda > Sandra Fernandes Fitas “Wann ech am Grupp danzen, fillen ech mech glécklech.”
21
sept.
31
juil.
Parents

Sandra Fernandes Fitas “Wann ech am Grupp danzen, fillen ech mech glécklech.”

kideaz copyright Sandra Fernandes Fitas ©Photo : Mierscher Kulturhaus
Toute la journée
Mierscher Kulturhaus
Mierscher Kulturhaus - 53 Rue Grand-Duchesse Charlotte, L-7520 Mersch Luxembourg

Cette description n’existe pas en français.

Sandra, Dir sidd Kënschtlerin am collectif DADOFONIC vun der Ligue HMC a stoungt schonn oft op eiser Bün. Wei koumt Dir zu Ärem Beruff?

Ganz jonk hunn ech schonn Theater gespillt. Spéider wollt ech dat als Beruff maachen. Ech hunn iwwerall gefrot wou ech dat kéint maachen a kee wosst Bescheed. Bis dass eng Frëndin mir vum collectif DADOFONIC geschwat huet. Ech wosst guer net wat dat wier, an hatt sot mir just: déi spillen Theater! Ech hu mech du selwer informéiert a sinn op hir Porte Ouverte schnoffele gaangen. Dat huet mir gutt gefall. Ech hu gespuert: hei ass e gudde Feeling! Ech hu mir gesot: dat gëtt mäi Beruff – Kënschtler! An elo sinn ech scho bal 9 Joer hei.

Wat gefält Iech am beschten un Ärem Beruff?

Wann ech an eng aner Roll ka schlüpfen! Da sinn ech fräi. Du genéiss dat wanns de op der Bün bass a mengs, dass net du dat bass mee en aneren, deen dat elo spillt.

Als wat bezeechent Dir Iech selwer?

Ech si Kënschtlerin, am Theater. An ech sinn Dänzerin. Dat maachen ech scho vu klengem un. Ech wosst net a wat fir eng Richtung ech sollt goen. Am collectif hunn ech vill geléiert a gemierkt, wat mir gutt deet a wat ech gär maachen.

Ass Äre Beruff eng Aarbecht ewéi all aner Aarbecht och?

Jo, genau. Et ass eng normal Aarbecht. Mir schaffen 8 Stonnen den Dag a 5 Deeg an der Woch. Ech well awer ëmmer méi laang schaffen a guer net méi ophalen! Et ass ëmmer eppes lass.

Ass et fir e Mënsch mat enger Behënnerung méi schwéier, Kënschtler.in ze ginn?

Jo, eleng ass dat schwéier. Et muss ee jo och aner Saachen maachen, ewéi z.B. Bürosaarbecht, an dat geet net fir jiddereen. Wann een Talent huet an dat well weisen freet een sech: wéi kommen ech elo weider? Oft traut een sech net.

Wat kéint een Ärer Meenung no maachen fir dass dat méi einfach gëtt?

Veräiner grënnen ewéi z.B. eng Danztrupp. Net just als Aarbescht, och fir d’Fräizäit. Et feelen esou Saachen fir behënnert Mënschen. Zemools fir déi Léit, déi Talent hunn, mee sech awer net esou richteg trauen, dat ze weisen.

Hutt Dir Projeten fir d’Zukunft?

Ech wëll méi a weider danzen. Bei blanContact* hunn ech vill nei Saachen entdeckt. Ech vermëssen de blanContact. Ech wier frou wann et kéint weidergoen. Et ass mäin Ziel nees am blanContact ze danzen, mat all deenen aneren. Wann ech eleng danzen, dann ass dat e bësse komesch. Am Grupp ze danzen deet mir ganz ganz gutt. Da fillen ech mech glécklech.

Interview: Peggy Kind, Mierscher Kulturhaus.

* blanContact ass en inklusiven Danzprojet vum Mierscher Kulturhaus.

septembre, 2022

21sep - 31juilAll DaySandra Fernandes Fitas "Wann ech am Grupp danzen, fillen ech mech glécklech."(All Day) Mierscher Kulturhaus, 53 Rue Grand-Duchesse Charlotte, L-7520 Mersch LuxembourgTypologie:Pour les parents

Plus

Détails de l'évènement

Sandra, Dir sidd Kënschtlerin am collectif DADOFONIC vun der Ligue HMC a stoungt schonn oft op eiser Bün. Wei koumt Dir zu Ärem Beruff?

Ganz jonk hunn ech schonn Theater gespillt. Spéider wollt ech dat als Beruff maachen. Ech hunn iwwerall gefrot wou ech dat kéint maachen a kee wosst Bescheed. Bis dass eng Frëndin mir vum collectif DADOFONIC geschwat huet. Ech wosst guer net wat dat wier, an hatt sot mir just: déi spillen Theater! Ech hu mech du selwer informéiert a sinn op hir Porte Ouverte schnoffele gaangen. Dat huet mir gutt gefall. Ech hu gespuert: hei ass e gudde Feeling! Ech hu mir gesot: dat gëtt mäi Beruff – Kënschtler! An elo sinn ech scho bal 9 Joer hei.

Wat gefält Iech am beschten un Ärem Beruff?

Wann ech an eng aner Roll ka schlüpfen! Da sinn ech fräi. Du genéiss dat wanns de op der Bün bass a mengs, dass net du dat bass mee en aneren, deen dat elo spillt.

Als wat bezeechent Dir Iech selwer?

Ech si Kënschtlerin, am Theater. An ech sinn Dänzerin. Dat maachen ech scho vu klengem un. Ech wosst net a wat fir eng Richtung ech sollt goen. Am collectif hunn ech vill geléiert a gemierkt, wat mir gutt deet a wat ech gär maachen.

Ass Äre Beruff eng Aarbecht ewéi all aner Aarbecht och?

Jo, genau. Et ass eng normal Aarbecht. Mir schaffen 8 Stonnen den Dag a 5 Deeg an der Woch. Ech well awer ëmmer méi laang schaffen a guer net méi ophalen! Et ass ëmmer eppes lass.

Ass et fir e Mënsch mat enger Behënnerung méi schwéier, Kënschtler.in ze ginn?

Jo, eleng ass dat schwéier. Et muss ee jo och aner Saachen maachen, ewéi z.B. Bürosaarbecht, an dat geet net fir jiddereen. Wann een Talent huet an dat well weisen freet een sech: wéi kommen ech elo weider? Oft traut een sech net.

Wat kéint een Ärer Meenung no maachen fir dass dat méi einfach gëtt?

Veräiner grënnen ewéi z.B. eng Danztrupp. Net just als Aarbescht, och fir d’Fräizäit. Et feelen esou Saachen fir behënnert Mënschen. Zemools fir déi Léit, déi Talent hunn, mee sech awer net esou richteg trauen, dat ze weisen.

Hutt Dir Projeten fir d’Zukunft?

Ech wëll méi a weider danzen. Bei blanContact* hunn ech vill nei Saachen entdeckt. Ech vermëssen de blanContact. Ech wier frou wann et kéint weidergoen. Et ass mäin Ziel nees am blanContact ze danzen, mat all deenen aneren. Wann ech eleng danzen, dann ass dat e bësse komesch. Am Grupp ze danzen deet mir ganz ganz gutt. Da fillen ech mech glécklech.

Interview: Peggy Kind, Mierscher Kulturhaus.

* blanContact ass en inklusiven Danzprojet vum Mierscher Kulturhaus.

HORAIRES

Septembre 21 (Mercredi) - Juillet 31 (Lundi)

Localisation

Mierscher Kulturhaus

53 Rue Grand-Duchesse Charlotte, L-7520 Mersch Luxembourg

@ Little Kideaz

Pour ce tout nouveau numéro, nous avons consacré notre dossier principal aux différentes espèces de rhinocéros. Little Kideaz n°8 est d'ores et déjà disponible dans notre boutique en ligne, alors n'attendez plus pour le commander.

X