
Cette description n’existe pas en français.
Matten an Däitschland läit eng Stad, déi Hameln heescht. Hameln ass weltberühmt!
Et ginn iwwerall Spillplazen, Äppelbeem, Glaceverkeefer…a Bänken, op déi een sech sëtze kann, wann d’Sonn schéngt. An d’Awunner begréisse sech frëndlech a beschäissen sech och net zevill hannert dem Réck.
Et geschitt matzen an der Nuecht…a mueres, esou géint 8 Auer, rifft de Bäcker Quetschekraut : « Meng Petit-Fouren !! Meng Petit-Foure si verschwonn! »
De Metzler jäizt: « Méng Wirschtercher sinn net méi do! »
D’Madamm Félicie vum Kéisbuttek jéimert : « Bei mir woren d’Raiber …mäi ganze Kéis as fort ! »
De ganze Gemengerot leet d’Stiir a Falen a mëcht sech gaaanz vill Suergen.
No deem groußen Erfolleg vu séngem “Rotkäppchen”, dat iwwert 300 mol a ganz Europa gewise gouf, daucht den Dan Tanson nees eng Kéier an déi magesch Welte vun de Bridder Grimm.
« De Ratefänger vun Hameln » ass eng spannend Mëschung vun der Originalgeschicht an zäitgenëssercher Situatiounskomik, dëst zesumme mat Live-Musek a fantasievollen Illustratiounen.
Alter : 5-10 Joër
Dauer : +/-45 Minutten
Sprooch : Lëtzebuergesch
Pour ce tout nouveau numéro, nous avons consacré notre dossier principal aux oiseaux d'Europe. Little Kideaz n°7 est d'ores et déjà disponible en pré-commande dans la boutique, alors n'attendez plus !
Dis papa,
On fait quoi ce week-end ?
Ah ! Bonne question,
attends je regarde
la newsletter kideaz