L’agenda Famille !

Avec des centaines d'events chaque semaine, on partage tout en famille chez Kideaz. Faites-nous part de vos events.

Proposez vos Bons Plans

Vous souhaitez partager et faire découvrir une de vos adresses favorites ? N'hésitez plus.

Pour les Professionnels

Proposez votre crèche / foyer de jour sur Kideaz.

Accueil > Agenda > Concert – Robert Gollo Steffen
28
août
Parents

Concert – Robert Gollo Steffen

kideaz copyright Robbesscheier Concert Robert Gollo Steffen ©Photo : Robbesscheier
A 15h30
Robbesscheier - 1, Frummeschgaass, L-9766 Munshausen Luxembourg

Cette description n’existe pas en français.

Concert Robert Gollo Steffen

Eigentlech wollt de Gollo d’lescht Joer säi 50. Bünejubliläum mat engem Concert feieren, mä d’Pandemie huet eis all 2020 e ganz grousse Stréch duerch praktesch alles gezunn.
Am Juli 1970 stoung de Robert Gollo Steffen nämlech fir d’éischt bei engem offizielle Concert zu Woltz op der Bün – mat eegene Lidder op Englesch. Dann ass et dëse Summer eeben den 51. Jubiläum, wou de Gollo eng ganz Rëtsch Lidder vu senge mëttlerweil 9 musikaleschen Albe presentéiert.
No puer musikalesche Bands, ënnert anerem puer Joer an der däitscher Folkband Saitenhieb, war et de Gollo, deen 1980 als éischten eng Laangspillplack mat Rockmusek mat lëtzebuergeschen Texter agespillt hat. Vun do un ass en an der Musek där Sprooch bis haut trei bliwwen. An de Gollo séngt a ganz ville Lidder vum Éislek, wou hien opgewuess ass an nach ëmmer lieft.

De Gollo schreift net nëmmen den Text, mä komponéiert meeschtens och d’Musek vun de Lidder a vun all senge musikaleschen Alben sinn an all deene Joeren ëmmer puer Lidder bei de Leit hänke bliwwen. Vum „Summer um Stauséi“, „Ka komme wat wëllt“, „Amerika läit just virun Ëlwen“, „Nr. 60110“ bis „Vum Lämmes gebass“, fir der nëmme puer ze nennen.

Wéi wichteg de Gollo fir vill Museker zu Lëtzebuerg war, weist och den CD „Eng Rees am Krees“, deen am Juli dëst Joer erauskoum, wou déi méi jonk Liddermécher*innen, eng Rei vu senge Lidder nei interpretéiert hunn. Op deem musekaleschen Hommage si mat dobäi: Serge Tonnar, Lex Heyar & Marc Reuter (vu Moof), Roland Meyer & Roger Melcher (vun de Winklepickers), Irina Holzinger, Laetitia Koener, Daniel Balthasar, Claudine Muno & Thierry Kinsch.

Ween also nach eemol e bëssen nostalgesch no Lidder ass, viller souguer aus dem leschte Joerdausend (jo, jo!), mä och ween elo virwëtzeg ginn ass, wat dee Museker alles gemaach huet, daarf sech dee Concert mam Robert Gollo Steffen den 28. August 2021 nomëttes an der Robbesscheier zu Munzen eigentlech net entgoe loossen.

Entrée ass gratis!

août, 2021

28août15 h 30 minConcert - Robert Gollo Steffen15 h 30 min Robbesscheier, 1, Frummeschgaass, L-9766 Munshausen LuxembourgTypologie:Pour les parents

Plus

Détails de l'évènement

HORAIRES

(Samedi) 15 h 30 min

Localisation

Robbesscheier

1, Frummeschgaass, L-9766 Munshausen Luxembourg

@ Kideaz

Let It Bee…

Ça y est, le nouveau numéro Little Kideaz, votre magazine ludo-éducatif pour toute la famille est enfin disponible en pré-commande et en version digitale !

Les abeilles, ces insectes si petits et pourtant si importants pour notre écosystème, au programme : un dossier pédagogique, des coloriages, des jeux, des DIY et plein d'autres surprises !

Dis papa,

On fait quoi ce week-end ?

Ah ! Bonne question,

attends je regarde

la newsletter kideaz

X