
Gidd Iech äre Raum.
Virun all Nei-Ufank am Liewen, gëtt et eng Phase déi onsécher mécht.
Et fillt sech no Verloscht un, och wann ee weess,
dass et weidergeet. Sief et fir een neie Liewens-zyklus, Gesondheet, Trennung (Partner, Kanner, Dout vun engem Familljemember), Schoul- oder Berufswiessel/Pensioun, Heemecht oder aner Phasen am Liewen, déi een perséinlech erausfuerderen.
Ween sinn ech nach, wann ech dat verléieren?
E Verloscht u Liewenskraaft, an de Bléck op Elo an op Zukunft ka blockéiert sinn.
Wann d’„Äddi soen” awer geléngt dann entsteet e Raum fir Neies, fir Méiglechkeeten déi een sech esou net konnt virstellen. Mir erfuerschen eist „Abschidsthema” a sichen nei Méiglechkeeten, wéi e stengege Wee kann zu neier Orientéierung hëllefen. De Mënsch ass nu mol gemaach fir säi Sënn an de Liewensepisoden ze fannen.
– Ee Schutzraum wou dir Iech ärt Thema vum “Abschid” kennt ukucken, an op är Manéier kennt “ÄDDI” soen.
– Selbsterfarung: Dir kennt fir Iech, an a
konkreten absichtslose Spillformen äert
Thema erfuerschen
– Begleedung: Ech stellen Iech Formen a kënschtleresch Mëttel zur Verfügung fir
kreativ Erfarunge mat ärem Thema ze maachen an ze reflektéieren
– Dialoger: De Grupp ënnerstëtzt sech heibäi
als Zeien an Ënnerstëtzer duerch Loyalitéit
an Verschwiegenheet
250 € / Persoun
Fir Erwuessener ab 18 Joer
Info & Inscription per E-mail.
Dis papa,
On fait quoi ce week-end ?
Ah ! Bonne question,
attends je regarde
la newsletter kideaz